Léif Huesen
Mir hun Mettwochs, 4. Februar Kabarä Feiersteppler Owend (20 Auer am Centre Cult) zu Walfer
Duerfir ass keen Treff um 19 Auer, mä den "wëllen" Treff ass virverluegt ob 18 Auer. Sou könnt dir dann och duerno ob den Kabarä am Centre Cult. kommen.
Mir rechnen domatten, dass vill vun iech ob eisen 1. Kabarä-Owend kommen, well dest soll en groussen Succès gin. Macht Reklamm an ärem Bekanntenkrees an et ass am beschten wann dir eng Reservéierung beim Betty macht (tel 621261779). Um Internet fand dir och nach Info.
Desen Freiden , 16. Januar as eis Assemblée Gén.
Den Comité freet sech drob sou vill wéi méiglech vun iech können do ze begréissen
20 Auer Centre Princesse Amélie
Mir probéieren do iech och eisen Internet Site ze presentéieren & Photoen wou den Pascal zesummen gestallt huet.
Eis nei Uniforme ass och unkomm!
Ragacu (Rallye gastronomique et culturel): Datum ass fixéiert ob 13-14.6. Detailler kommen nach.
Déi 1. Kéier dest Joer grillen mir beim Cactus 8-9. Mé
Schreiwt iech och den RV Beschlaf ob, 18. Abrell
Déi 1. Course vun desem Joer um Programm ass bei den Nordic Walker eisen Beschlaf (18.4.), an bei den Leefer den Postlaf (15.3.).
Falls dir nach Ideen hut fir den Internet,dann sot se eis.
Sportlech Gréiss Gréiss
am Numm vum Comité,
Alain